About Us

Lausboys ass een 2018 gestartete gemeinsame Projet vun zwee Kollegen déi allméiglech Soiréeën animéieren. Och wann de Projet Lausboys relativ rezent ass, blécken déi zwee op eng laangjäreg DJ Erfarung zréck.

Schonn vu klengem un waren den DJ Roc & DJ Why Not vun der Musik faszinéiert an no an no ass d’Begeschterung fir Musik ëmmer méi grouss ginn. Viru gutt 10 Joer gouf dunn a professionellt Equipment an CDen investéiert.

No an no sinn niewent Gebuerstdagspartyen och verschidde Bars & Baler dobäi komm wou si regelméisseg opgeluegt hunn, wéi zum Beispill Rives de Clausen, Al Seeërei, Am Daul, Kotton Club, Epic, Café du Gymnase, Urban Belval etc.

Wärend hire Soiréeën sichen d’Lausboys ëmmer déi passend Lidder aus hirem grousse Repertoire deen allméiglech Genres ofdeckt fir sech dem Publikum z’adaptéieren a sou fir ee gelongenen Owend ze suergen bei dem all Mënsch op seng Käschte kënnt.

Lausbox

Du wëlls eng Fotobox📷  fir deng Hochzäit👰🤵 oder Party🎉 lounen? Dann bass de bei den Lausboys genau richteg! Fir weider Informatiounen, eis einfach uschreiwen. 😃

Events

Mixtapes

Contact Us